Gratis Musik vir den Weekend
Gratis ass ëmmer gutt net nëmmen bei Fräibéier, also hei mol Musik déi näischt kascht:
Throw Panda Bat vun Throw Panda Beat
Een relaxen Mix aus luesem Trip Hop, Elektro, Rock an Instrumental. Leider nëmmen 5 Lidder, dofir ower och nëmmen gudder. Excellent vir den Owend ofzeschléissen, oder wéini och ëmmer een et e bëssi méi lues wëll ugoen loossen.
On verra plus tard … vun Drunksouls
Een absolut danzbaren Reggae-Rock Mix, deen vir gutt Laun suergt, an och bei groem Himmel Summergefiller opkommen léisst. Mäin Liiblingslidd ass dat rouegt “There is a place”, wat ech als een Tribut un Jamaika verstinn. Also wann ech dann un dei Fréischicht denken déi mir muer bevirsteet, kann ech haart matsangen: “There is a place … I wanna be now, fishing and burning all days long”
Letzte Kommentare